Den Ech-Erzieler steet enges Dages am Laf vum Joer 2016
virun „dem Lach, dat fréier mol den Aldringer war“ a kritt
d‘Gefill, datt generell eppes mat der Welt a besonnesch mat
Lëtzebuerg net stëmmt. Alles wierkt fir hien, wéi wann et
just eng bëlleg Kuliss aus Kartong wier. Wat als komescht
Gefill ufänkt, entwéckelt sech zu engem eeschte Problem,
well näischt méi reell wierkt: D‘Pizzeria net, d‘Chamber an
déi lëtzebuergesch Politik souwisou net, net emol de Besuch
beim Bäcker, wou ee rosenen Här versicht, säi Croissant op
Lëtzebuergesch ze bestellen. D‘Lis, eng gutt Frëndin vum
Ech-Erzieler, probéiert him d‘Gefill vun der Normalitéit
zeréckzeginn. Dofir besichen déi zwee déi „schéinste“ Plaze
vum Land. Si maache kee Roadtrip, well dat an engem klenge
Land lächerlech wier. Si fueren trotzdeem bei de Bockfiels,
an de Flying Dutchman, op d‘Aire de Berchem, de Stauséi a
schlussendlech op de Kierchbierg.