Soubal wéi d’Jan den Typ am Bus
erbléckst, decidéiert hatt, him noze-
goen, obwuel et guer net déi Zort Typ
ass, där hatt normalerweis gär nogeet.
Normalerweis, also hatt seet normal-
erweis, sicht hatt sech léiwer Leit aus,
déi op d’mannst ee Kapp méi grouss
si wéi hatt, well déi verléiert een ein-
fach net esou séier aus den Aen, an et
gëtt een hinne manner Grond, fir sech
iergendwéi ugegraff ze fillen.
Den Typ, deen hatt sech deen Dag
am Bus eraussicht, huet ongeféier
seng Gréisst, mee dofir huet hien e
massiven, faarwege Kopfhörer op den
Oueren, deen hien op d’mannst ee
Kapp méi grouss wierke léisst. Hatt
ass no genuch dru fir festzestellen,
dass hien no Seef richt, mee net fir
ze héieren, wat fir eng Musek a senge
Kopfhörer spillt.
erbléckst, decidéiert hatt, him noze-
goen, obwuel et guer net déi Zort Typ
ass, där hatt normalerweis gär nogeet.
Normalerweis, also hatt seet normal-
erweis, sicht hatt sech léiwer Leit aus,
déi op d’mannst ee Kapp méi grouss
si wéi hatt, well déi verléiert een ein-
fach net esou séier aus den Aen, an et
gëtt een hinne manner Grond, fir sech
iergendwéi ugegraff ze fillen.
Den Typ, deen hatt sech deen Dag
am Bus eraussicht, huet ongeféier
seng Gréisst, mee dofir huet hien e
massiven, faarwege Kopfhörer op den
Oueren, deen hien op d’mannst ee
Kapp méi grouss wierke léisst. Hatt
ass no genuch dru fir festzestellen,
dass hien no Seef richt, mee net fir
ze héieren, wat fir eng Musek a senge
Kopfhörer spillt.