DEEMOLS A MENGER KLENGER WELT
A sengen humorvolle Kandheetserënnerunge léisst den
Emil Angel déi Joren opliewen, wou hien, als klenge Bouf,
sech no an no a senger Noperschaft kënneg mécht.
Hien ass schonn als Kand un allem interesséiert,
wat an der Strooss geschitt a bréngt et elo am Réckbléck
fäerdeg, dem Lieser a senge klengen Erzielungen d’Leit
an d’Liewe vun deemools – et geet ëm d’Zäit nom Zweete
Weltkrich – plastesch virun Aen ze féieren.
Villes huet sech zënterhier geännert, mä d’Leit an
hirer Freed souwéi an hirem Leed si gréisstendeels
déiselwecht bliwwen.