1619 – Guttkéise Jouer vun Esch am Lach (de Georges Gutkäs vun Esch-Sauer) kënnt vun déi Säit dem Pull heem an d’Land no senger Ierfschaft kucken. ’t weess keen, datt en erëm ass. Als Bouf war en Zeien, wéi ee seng Gued ëmbruecht huet; en huet deemools séier misse verschwannen. Mat engem hollännesche Kéiskréimer ass en ugedréckt a mat deem sengem Gefier kënnt en heem. D’Hallschecht vun deem, wat ëm geschitt ass, däerf kee gewuer ginn. Ënnerwee fir heem, zu Uewerpallen, kritt e mat, datt de Vaut vun Esch, deen en ëmmer gär verdillegt hätt, ewell als Hexejeeër de Streech onsécher mécht. Zu Brattert gëtt en da gewuer, wien en dës Kéier geroden huet. Kënneg wéi en ass, kritt hien zu Esch d’Meedchen aus dem Tur eraus an e verfuusst sech mat him op Pallen. Wéi e mengt, deen Escher Vaut wier ëm op de Feeschten, do geschitt deem eng vru sengen Aen an der Pallener Kierch: De Bols steet em vum selwe stëll. Do war en ëm d’hallef Welt gerannt, fir erëm do unzefänken, wou en opginn hat. Sou kënnt en zu sengem.
D'Sëtzung leeft of
D'Sëtzung leeft elo geschwënn of.