Vun Dréischel bis Kréischel: Band 3 vum „Lëtzebuerger Wuertschatz“
Ierzen a Muerten, Rousemaräin an Teimerjännchen, Wakelter, Mais a Majiskraut: De Band 3 vum Lëtzebuerger Wuertschatz presentéiert 294 lëtzebuergesch Bezeechnunge fir Uebst- a Geméiszorten, fir Kraider, Gewierzer an Nëss. „Dat ass natierlech just eng Selektioun, mee déi meescht Zorten, déi ee kann iessen an déi et hei am Gaart oder am Buttek gëtt, fënnt een an dësem drëtte Band vun der beléifter Serie“, schreift den Educatiounsminister Claude Meisch an der Preface. „Vun Absinth bis Zwiwwel geet de Planzentour, op deem ee bekannten Nimm wéi Äerdbier, Gromper a Promm gradesou begéint wéi méi ale lëtzebuergesche Bezeechnungen à la Meekraitchen. Natierlech dierfen dʼBettseechesch- an dʼMauséiercherszalot net feelen an och méi exotesch Friichte wéi dʼMango an dʼMaracuja gehéieren an de Sproochentuttifrutti.“
DʼBegrëffer ginn alphabetesch opgelëscht – dës Kéier souguer a sechs Sproochen: Nieft dem lëtzebuergeschen Numm gëtt et och deen däitschen, dee franséischen, deen engleschen an dee portugiseschen an déi wëssenschaftlech, latiniséiert Bezeechnunge ginn och nach ernimmt.
Och eng Rëtsch flott Riedensaarten aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire sinn am Buch ze fannen a ginn doran erkläert: Den Apel fält net wäit vum Bam, wat e Kabes, dat ass dʼKiischt um Kuch, rout ewéi eng Tomat ... Nach eng Kéier de Claude Meisch: „Esou Spréch an Ausdréck sinn dʼSalz an der Sproochenzopp an och dʼSalz selwer dierf natierlech net bei de Gewierzer feelen, et kënnt eeben op dʼMëschung un. Loosst Iech se gutt schmaachen!“