Haut behuelen d'Déieren am Dschungel sech ganz komesch.
Si schreiwe sech Kaarten, schmusen an danze mateneen - an dat Allerschlëmmst: Si kusse sech!
De Jimmy packt sech net méi. Wat ass hei lass?
Awer um Enn vum Dag huet hie geléiert, datt et vill Manéiere ginn, fir frou mateneen ze sinn.
An datt et wichteg ass, deenen aneren ze weisen, datt ee frou mat hinnen ass.