De Stinki wunnt mat senge véier beschte Frënn an engem ale Schlass,
uewen op engem Bierg. Si hu vill Spaass zesummen a laache vill.
Et ass eigentlich alles an der Rei, bis op déi eng Saach. De Stinki
ass anescht wéi di aner. Hien huet Oueren. A seng Frënn maachen
dowéinst oft de Geck mat him. Dat mécht hien ganz traureg.
Wat awer kee vun hinnen erwaart: grad wëll de Stinki anescht ass,
rett hien enges Daags all senge Frënn d’Liewen.
Eng kleng, spannend Geschicht iwert d’Anechterssinn.
An datt dat ganz cool ka sinn.