Mat Bäiträg vun Jean-Jacques Arrensdorff, Paul Braconnier,
Claude D. Conter, Lucien Czuga, Steve Hoegener, Claude
Kremer, Benoît Majerus, Jean-Marie Reding, Robert Soisson,
Yves Steichen & Anouk Stephano.
Mat neien Zeechnunge vun Marc Angel, Andy Genen, Sabrina
Kaufmann, Pascale Velleine & Pit Wagner.
De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck retracéiert
d’Geschicht vun der bekanntester BD zu Lëtzebuerg. Wéi
ass et zu der Zesummenaarbecht tëschent dem Zeenarist
Lucien Czuga an dem Zeechner Roger Leiner komm? Wéi
vill Lëtzebuerg stécht a Luxusbuerg? A wéi bréngt de
Superjhemp et fäerdeg, mat Kachkéis d’Dynastie ze retten
a Luxusbuerg zu engem vun de sécherste Länner vun der
Welt ze maachen? Besicht Luxusbuerg mat sengem
pittoreske Patrimoine, sengen ominéise Banken a senge
potzpuddelplakege Fraen. Poznennö!
Fir déi alleréischte Kéier huet eng Allianz aus
Comiczeechner, Frënn a Wëssenschaftler eng
Expeditioun an de Superjhemp-Univers gewot an
onverëffentlecht Dokumenter, nei Zeechnungen an
onerwaarten Erkenntnisser mat zeréckbruecht. Eng
Erliefnisrees duerch dräi Joerzéngte fir déi agefleeschte
Fans vun der éischter Stonn a fir déi, déi just de Retörn
vum Superjhemp kennen.