Kättchen, Kättchen, bréng mer nach e Pättchen
oder Un der Atert, no beim Waasser si Lidder,
déi gären a Gesellschaft gesonge ginn. Et
ginn der eng sëllege méi. De Georgely ass eng
Sammlung vun 300 beléifte Lëtzebuerger Lidder mat Texter, Melodien a
Begleetakkorden. De Georgely gëtt en Iwwerbléck iwwert de Räichtum vun der Musek an
de literareschen Texter zu Lëtzebuerg vum 19. Joerhonnert bis haut. Vill Lidder gi fir
d’éischt an Nouteform publizéiert. D’Lidderbuch vereinfacht Museksensembelen,
Schoulen a Privatleit den Zougank zum Repertoire vum gesellegen Lëtzebuerger Lidd.
Den éischte Band vum Georgely ass erausgi vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik an
Zesummenaarbecht mat dem Institut européen de chant choral an dem Stued Theater.
Dës Sammlung gëtt mat engem zweete Band mat politesche Lidder aus Lëtzebuerg
weidergefouert. D’Lidderbuch ass nom landbekannten Dréiuergelsspiller vu
Gréiwemaacher, dem Georges Weyer (1848-1924) benannt.
Den INECC, den Institut européen de chant choral, huet De Georgely och a Form vun enger
App digitaliséiert, déi abonnéiert ka ginn. Déi bekannste vun den 300 Lidder ginn hei
och als Instrumental- a Gesangsplaybacken, agesonge vu bekannte Lëtzebuerger
Sängerinnen a Sänger, ugebueden. Iwwert e Link am Buch kann ee mam fräi gerubbelte
Code e gratis Joresabonnement vun der De Georgely App ofschléisse resp. aktivéieren.