Bei den Editions Schortgen koum 2017 d´Buch Wat d´Hémecht war eraus mat kommentéierte Lëtzebuerger Gedichter von 1800 bis haut. Hei en zweete Band mat Gedichter nëmmen aus dem 20. Joerhonnert: Texter vum Auguste Liesch, Putty Stein, Pir Kremer, Roger Manderscheid, Guy Rewenig, Josy Braun, Serge Tonnar a munnech aneren, déi de Mënsch weisen als Natur-Begeeschterten, Jazz-Freak, Teater-Mécher, Plogeescht am Tram, Miniärs-Aarbechter, Schlappen-Tourist, Doper am Sport, groussen Téinert, jonke Klasse-Clown. An diversen Situatiounen also vun eiser schéiner, verwuerelter Existenz als Homo sapiens. All Gedicht ass a séngem zäitbedéngten sozialen a kulturelle Kontext kommentéiertAm zweeten Deel geet et op d´Rees. Op e klasseschen Hexebierg, de Brocken am Haarz, bei zwee bombastesch däitsch National-Monumenter an op de Kyffhäuser an Thüringen, wou zënter Joerhonnerten de Keeser Barbarossa schlofe soll. Et sinn spannend Reportagen aus der Radio-Zéri Ënnerwee op eng historesch Plaz.No ville kulturellen a kulturpoliteschen Artikelen fir d´Zeidungen Tageblatt a Lëtzebuerger Land huet de Mars Klein zënter 2011 eng ganz Rëtsch Émissione geschriwen fir den nationale Radio 100,7. Déi meescht vun den Texter am Buch - awer nët all - si liicht iwerschafften Aarbechten fir d´Antenn.Editions Schortgen huet mam éischte Buch Wat d´Hémecht war et 2017 derwert fonnt - a fënnt mam zweete Buch Wéi de Mënsch ass et elo derwert, datt dës litteraresch Wuer nët an den audiophonen Archiver vergiëss gët - mee op Pabeier gedréckt enger méiglechst breeder Liëserschaaft fir nozebliëderen an nozedenken virläit.Datt och dës Kéier d´Buch illustréiert ka sinn mat Timberen aus der Geschicht vun der Lëtzebuerger Post, ass e Glécksfall. Nët nëmmen, well Post Philately e ganz koopératiwe Partner ass - Merci dem Här Emile Espen a sénger Ékipp, awer virun allem, well an hirem Katalog esou vill historesch a kulturell interessant Käppercher ze fanne sinn, déi bei d´Texter gutt passen. Et däerf een hoffen, datt d´Zesummenaarbecht vun Auteur / Éditionshaus mat der Post och eng Plus-Value ass fir de schéine Sammeler-Objet Timber.
D'Sëtzung leeft of
D'Sëtzung leeft elo geschwënn of.